Amplaz konstruktiv ze sinn an d‘Salariéen ze verdeedegen, géifen si provozéieren, politiséieren, erpressen an déi, déi net hirer Meenung sinn, diskreditéieren, esou déi jonk Chreschtdemokarten. Si geheien de Gewerkschafte fir sech wei Lobbygruppe verhalen a falsch Behaaptungen ze maachen.
Gesellschaft an Ekonomie hätten sech geännert
Dem OGBL an dem LCGB hir Methode wiere vereelzt a populistesch, si géifen net erkennen, datt d‘Gesellschaft an d‘Ekonomie net méi déi selwecht wier wéi viru 50 Joer. Déi jonk Generatioun wéilt virukommen, an net ënnert de Muechtkämpf vun enger vereelzter Zäit leiden, sou nach d‘CSJ.
Lëtzebuerg bräicht "kee gesellschaftlecht Klima, dat duerch Gewerkschafte vergëft gëtt, déi Aktivismus mat Aggressivitéit verwiesselen", heescht et nach am Schreiwes.
Bréif: Kritik un Aarbechtsminister
De Bréif vum OGBL an LCGB, op deen sech d'CSJ bezitt, war un de Premier Luc Frieden adresséiert. An dësem hunn d'Gewerkschaften ënnert anerem schaarf Kriticken um Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo geäussert, wéi et de Freideg an engem Artikel vum Lëtzebuerger Land ze liese war.