arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Och wann d'Resultat vun der COP30 enttäuschend wier, ass nach Hoffnung do

COP30

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Och wann d'Resultat vun der COP30 enttäuschend wier, ass nach Hoffnung do

Den CSV-Deputéierte Paul Galles gesäit trotz dem enttäuschendem Endresultat op der Weltklimakonferenz a Brasilien déi positiv Säit. De Multilateralismus géif nach weider funktionéieren, och wa Länner wéi d'USA, China oder Indien net op der COP30 present waren.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
EPA/Sebastiao Moreira | © EPA/Sebastiao Moreira
COP30 zu Belem (Foto: EPA/Sebastiao Moreira)

122 Länner hunn zu Belem hir Klimaschutzpläng presentéiert, esou huet den CSV-Deputéierte Paul Galles betount wärend enger Aktualitéitsstonn an der Chamber. Dorënner hunn 80 Länner verbindlech Engagementer annoncéiert. Den CSV-Deputéierten hieft domat déi positiv Aspekter vun dëser COP30 ervir. 

Nohaltegkeet gëtt zu engem Wirtschaftsargument 

Déi Länner, déi am meeschten zum Klimawandel bäidroen, wieren net zu Belém present, well dës Länner hir ekonomesch Interessie prioritär verteidegen. An den Ae vum CSV-Deputéierte Paul Galles géif dat eent awer net dat anert ausschléissen. Et wier längst beweisen, datt Nohaltegkeet zu engem Wirtschaftsargument gëtt, well et herno méi deier gëtt d'Follge vum Klimawandel ze bekämpfen, wéi elo an nohalteg Klimaziler ze investéieren. 

An der Debatt gouf d’Aktioun vum Ëmweltminister Serge Wilmes op der COP30 gelueft, par contre huet den LSAP-Dupéierte Franz Fayot ënnerstrach, d’Regierung géif kontradiktoresch Decisiounen treffen:

"Gläichzäiteg widderhuelen nach eng Kéier Är Kolleeg:innen an der Regierung, de Premier awer och den Ekonomiesminister bei all Geleeënheet, datt si hanner den Omnibus-Packagë vun der Kommissioun stinn, an déi maachen näischt aneschters wéi wichteg Texter wéi d'Liwwerkettegesetz, de Reporting vu Betriber, de CSRD awer och d'Deforestatiounsreglement massiv ze ënnergruewen."

Ze vill Demarchë fir Betriber

Dat géif net stëmmen, betount den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes. Et wéilt een net weider ofholzen, weder an Europa nach soss an der Welt. Den Ëmweltministère géif sech fir de Schutz vun de Bëscher hei am Land an iwwer d'Grenzen eraus asetzen.

"Hei gëtt et jo och kee Risiko. Hei sinn all d'Gesetzer a Kraaft, fir dat och ze verhënneren. Mee mir wëllen awer net, datt wann esou Regulatioune kommen, a mir begréissen, datt d'Regulatiounen do sinn, déi dann zu zousätzlechen Demarchë fir eis Betriber féieren, déi  sech schonn opreegen, datt se esou vill Demarchen ze maachen hunn."

D'Oppositiounsparteien, dorënner och déi Lénk, waren an där Debatt der Meenung, datt ee vill méi misst ënnerhuelen, fir och déi ze ënnerstëtzen, déi wéineg zum Klimawiessel bäidroen, an dach keng Mëttel hu fir sech virun de Konsequenzen ze schützen.

 

 

play_arrow Lauschteren