Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfie Templeman - Hello Lonely

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CNS warnt viru falsche Krankeschäiner

Et dreeë juristesch Konsequenze

CNS warnt viru falsche Krankeschäiner

D‘CNS warnt viru falschen Krankeschäiner. Et géifen nämlech Online-Plattforme ginn, wou een ouni Consultatioun bei engem Dokter an ouni Ënnersichung, Krankeschäiner ausgestallt kritt.

auto_stories

1 min

Dokter | © Bigstock
Foto: Bigstock

D‘Krankekeess warnt, datt si sou Certificaten net unerkennt an deemno dem Patron och keng Indemnitéite bezilt. Ausserdeem géif déi Persoun, déi sech sou Krankeschäiner besuergt, sech strofbar maachen, a misst mat enger Amende a mat juristesche Konsequenze vun der CNS rechnen.