Am August hat d‘Verwaltungsgeriicht geuerteelt, datt den Agrément fir d'CMCM misst zeréckgezu ginn. D'Associatioun vun de privaten Assurancëgesellschaften ACA hat geklot, well d'Mutuelle sech net un déi selwecht Spillreegele misst hale, wéi déi privat Acteuren am Secteur.
De Ministère wier awer zur Konklusioun komm, datt d'Mutuelle konform zum Gesetz ass.