De Generalsekretär géif an engem interne Video behaapten, et géif bei der CMCM Problemer tëscht dem Personal an der Direktioun ginn. D’Delegatioun widdersprécht: Et géif net ëm déi ganz Direktioun goen, mee just ëm de Generaldirekter Fabio Secci.
D’Personaldelegatioun hofft, datt et no der Generalversammlung nees een normaalt Aarbechtsklima gëtt.
De Generaldirekter an déi intern Gouvernance sti bei der Caisse médico-complémentaire mutualiste an der Kritik. Zanter ronn zwee Méint gëtt et och am Verwaltungsrot an deene Froen een oppene Sträit.