Den Ex-President vun der Caisse médico-complémentaire mutualiste wollt sech mat deem Référé géint seng Revocatioun wieren, mee et sollt an dierft och net dozou kommen.
D’Affekote vun der neier Féierungsekipp a vun der CMCM hunn nämlech fonnt - am Géigesaz zu deene vum André Heinen a vun engem anere Member vum Verwaltungsrot - datt et keng Urgence fir ze plädéiere géif ginn.
"Dat gëtt lëschteg"
Wéi d’Affär opgeruff gouf, huet de Me Pierre Feltgen, Affekot vum André Heinen, betount, et géif séier wuel eng Urgence bestoen, well fir den 18. Abrëll vu sengem Client eng ausseruerdentlech Generalversammlung vun der CMCM aberuff gi wier.
D’Affär sollt dofir haut plädéiert ginn, fir datt ee fir deen Datum Gewëssheet hätt. Déi zwee Affekote vun der Géigesäit hunn dat anescht gesinn, soudass d’Riichterin huet missen decidéieren: Si huet dee Référé dunn op den 18. Abrëll ugesat, den Dag vun där Assemblée générale extraordinaire, wat den Affekot vum André Heinen bedauert huet.
„Dat arrangéiert déi natierlech, well et ass jo am Interêt vun hinnen, datt den 18. keng Decisioun do ass. Et hätt all Mënsch gehollef, wa mir elo hei iergendwou hätte kënne plädéieren an eng Decisioun gehat hätten. Dat ass elo net de Fall."
Elo misst ee kucken, wat et nach nëtze géing, den 18. eventuell deen Dossier ze plädéieren, esou de Me Pierre Feltgen
"Sachant datt sech eventuell déi Assemblée do a ganz komesche Konditioune wäert derouléieren. Mir hunn zwee Leit, déi soen: Mir si President. Dat gëtt lëschteg.“
Een neien Datum steet fest
D’Géigesäit hätt e Verleeë gefrot, well den Affekot vun der neier Féierungsekipp an der Vakanz ass, sou de Me Feltgen, deen an deem Kontext vu schlechtem Wëlle geschwat huet. Egal wéi géif sech d’Fro stellen, ween elo wat bei der CMCM ze soen huet.
„Wann ech de Registre de commerce kucken, da gëtt et nëmmen ee President, dat ass den André Heinen. An ech verstinn och net, wann déi Aner sech sou an enger Legitimitéit empfannen, firwat datt dee Changement do, dee Conseil d’administration, net publizéiert ginn ass.“
Direkt no dësem Interview koum et du souzesoen zum Theatercoup: D’Affekotin vun der neier Féierungsekipp koum nämlech zeréck, fir matzedeelen, datt den 18. Abrëll hirer Etüd net goe géif. Well d’Riichterin awer kee méi e fréien Datum ze proposéieren hat, blouf dee vum 18. bestoen.
„Wann dat alles sou leeft, wéi elo, gi mir da bei de Référésriichter, an dee reportéiert dann nach eng Kéier, an da kënne mir héchstwarscheinlech déi Affär do sträichen, deemno wat do bei der Assemblée générale erauskomm ass.“
Et géif een heiansdo méi räich ginn un Enttäuschung an u Frustratioun, war dem Me Feltgen säi Fazit dozou. An natierlech hate mir och déi 3 aner Affekote gebieden, eis eppes an de Mikro ze soen, wat déi awer net wollten.