Bei enger Hëtztwell wieren d'Patienten dacks duercherneen, well si vill Flëssegkeet verléieren, esou Direktesch vum Stater CHL Martine Goergen. "Si kënnen och Troubles intestinaux hunn, si hu Kappwéi, sinn am allgemenge schwaachen Zoustand an da wann een de "Plis cutané" kuckt, dat heescht wann een hir Haut upaakt, da gesäit een, ob si deshydratéiert sinn", esou d'Martine Goergen.
Personal gëtt sensibiliséiert
Fir ze verhënneren, datt et zu dëse Symptomer kënnt, huet den CHL säi Plan canicule lancéiert. Am Moment wier een an der éischter Phas vun dësem Plang, esou d'Direktesch. Dës Phas géif declenchéiert ginn, wann et méi wéi 3 Deeg tëschent 25 an 30 Grad dobausse sinn, d'Nuechten awer nach relativ kill tëschent 20 an 23 Grad sinn.
"An deem Moment gëtt d'Personal sensibiliséiert an informéiert, datt si mussen déi bonne pratique maache vun der Canicule. Dat heescht, op d'Leit oppassen, datt si genuch drénken, datt d'Fënsteren zou sinn."
All Zëmmer hätt e Ventilator. Insgesamt wieren dat der 350.
"Et muss een haaptsächlech oppasse bei deene Leit, déi iwwer 65 Joer sinn, oder bei Kanner ënner sechs Joer, datt déi genuch den Dag iwwer drénken."
Wann d'Temperaturen nach weider klammen, kéinten also nach eng 2. an eng 3. Phas vum Hëtze-Plang ausgeruff ginn, esou d’CHL-Direktesch: Da géifen d'Patienten zum Beispill méi Waasser kréien, an och an de Personal-Räim géifen da Ventilatoren opgestallt ginn.
Keng Klimaanlag geplangt
Eng Klimaanlag gëtt et am Stater CHL awer net. An et ass och net geplangt, eng ze installéieren. Dëst wier e riseg groussen Opwand, esou d'Martine Goergen.
"D'Klimaanlag ass jo och net grad ëmweltfrëndlech. Se brauch vill Energie."
Iwwerdeems wier d'Virlag vum Ministère éischte,r d'Zëmmere mat sou geannten "plafond refroidissement" ze ekipéieren. E System, bei deem kaalt Waasser duerch Réier am Plafond leeft, an de Raum doriwwer gekillt gëtt.
Bis dato kee méi héijen Undrang
Bis elo wier et wéinst den héijen Temperaturen nach net zu engem méi héijen Undrang an den Urgencë komm, esou nach d’Direktesch vum CHL. Och wärend der éischter Hëtztwell virun e puer Woche wier dat net de Fall gewiecht.