arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CGIDS: Reseauspann bei der Post "ganz kritesch"

Technesch Pann

|
headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

CGIDS: Reseauspann bei der Post "ganz kritesch"

No enger grousser Pann an de Kommunikatiounsreseaue vun der Lëtzebuerger Post lafen d'Servicer mëttlerweil nees. D’Pann huet de Mëttwoch d’ganzt Land betraff. Och d'Noutruffdéngschter 112 an 113 ware stonnelaang net ze erreechen.

headphones

2 min

headphones

6 min

play_arrow

Am 100,7 Interview huet de Spriecher vum CGDIS erkläert, datt engem géint hallwer 5 selwer opgefall wier, datt keng Appeller eran- an erausginn. 

D’Leit goufen iwwerdeems iwwer den LU-Alert-System opgeruff, am Fall vun Urgencen an den nooste Pompjeesbau ze fueren. Déi waren de Mëttwoch och alleguer vum CGDIS besat.

3 Leit wieren och wéinst enger Urgence an eng Kasär gefuer, seet de Spriecher vum CGDIS Michel Demuth. Wann et awer elo zum Beispill bei engem gebrannt hätt, hätt de CGDIS net esou séier reagéiere kënnen.

"Da wiere mir eréischt komm, wann iergendeen aneren un eis komm wier. Dat heescht, et ass, wéi Dir elo gesot hutt, och eng ganz kritesch Situatioun fir de CGDIS gewiescht, wat mir nach ni haten, datt d‘Leit net un eis komm sinn."

D’Pann hätt deemno vill Froen opgeworf, déi elo musse gekläert ginn, esou de Michel Demuth. Notamment déi vun der Erreechbarkeet vun den Noutruffdéngschter, wa weeder den Telefon nach den Internetreseau funktionéieren.

Weider Detailer feelen aktuell nach, och d'Post wëllt sech nach net äusseren

De Mëttwoch am fréien Owend koum och eng Krisecellule zesummen. Presidéiert vum Wirtschaftsminsiter Lex Delles an a Presenz vun ënner anerem dem Inneminister Léon Gloden.

D'Post géif d'Ursaach vun der Pann nach analyséieren an d'Situatioun géif weider iwwerwaacht ginn, esou e Communiqué vun der Krisecellule de Mëttwoch den Owend.

Méi Informatiounen aus der Krisecellule ginn et op Nofro hin nach net. Och d’Post wollt sech de Moien nach net zum Virfall äusseren.

D’Pann hat géint véierel op 4 de Mëttwoch de Mëtteg ugefaangen. No véier Stonnen, kuerz no 8 Auer owes, goufen déi éischt Servicer retabléiert.

play_arrow Lauschteren