De gréisste Projet fir d’CFL am Joer 2026 bleift d’Neibaustreck tëschent Beetebuerg an der Stad. De Generaldirekter Marc Wengler schwätzt vun engem “richtege Quantesprong”, wann de Chantier bis fäerdeg ass. Aktuell léich een och am Delai.
"Bottle neck-Situatioun" zu Beetebuerg léisen
Am September 2027 soll d’Streck opgoen. Dat mat véier amplaz wéi bis elo zwee Gleiser. Et kéint een d’Capacitéit also quasi verduebelen, betount den CFL-Generaldirekter. Bis dohi sinn nach dräi Zäiträim geplangt, op deenen d’Streck ganz gespaart wäert sinn. Dat jeeweils an de Schoulvakanzen.
Beetebuerg wier bis elo de “bottle neck”, also de Fläschenhals vum Schinnereseau zu Lëtzebuerg gewiescht, erkläert de Marc Wengler. Dat, well Linnen aus dräi verschidde Richtungen do zesummekommen: Vun Thionville, Esch a vun Diddeleng.
Liwwerung vun neien Zich dëst Joer ofgeschloss
34 nei Zich hat d’CFL an de leschte Jore bestallt. D’Liwwerung huet d’lescht Joer ugefaang. Bis elo si 15 nei Zich an de Fuerpark vun der CFL integréiert ginn. De Rescht kënnt dëst Joer no, erkläert de Marc Wengler. Et wier historesch gesinn déi gréisste Commande, déi d’CFL jee gemaach huet.
Där aler Z2-Zich fuere bekanntlech keng méi op de Lëtzebuerger Schinnen. Duerch d’Erneierung vun der Zuchflott kéint een d’Sëtzcapacitéit ëm 46 Prozent netto erhéijen, esou nach de Marc Wengler.
Nächste grousse Remplacement steet un
Mee: No der Zuch-Commande ass virun der Zuch-Commande. Wéi de Generaldirekter vun der CFL am 100,7-Interview confirméiert, géing d’CFL schonn un der nächster Commande schaffen.
Wat Commanden ugeet, géing een ëmmer mat engem Plang, deen op 10 Joer ausgeriicht ass, schaffen.
Wann déi nächst-eelst Serie vun Zich an Zukunft ersat muss ginn, wäert et nees e grousse Remplacement ginn.
Passagéierzuele klammen nees liicht
2024 sinn iwwer 31 Millioune Leit zu Lëtzebuerg mam Zuch gefuer. D’Zuele fir 2025 sinn nach net publizéiert. De Marc Wengler verréit awer, datt een nees mat engem neie Rekord rechne kann. D’Augmentatioun hätt sech awer a Grenze gehal, esou datt hie mengt, datt een e Plateau erreecht hätt.
Hie gëtt iwwerdeems ze bedenken, datt 2023 an 2024 d’Augmentatiounen “enorm héich” waren, mat 40, respektiv 10 Prozent Wuesstem.
Wuerentransport op der Schinn "a Schwieregkeeten"
De Passagéiertransport ass bekanntlech net dat eenzegt Standbee vun der CFL. Och Wuere ginn transportéiert. Vun 2023 bis 2024 war de Wuerentransport allerdéngs gefall.
De Marc Wengler erkläert, datt de Wuerentransport op der Schinn “extrem kompetitiv” ass. Hie schwätzt vun enger ongerechter Konkurrenz, déi vun der Strooss kënnt.
Dofir géing ee sech an der Belsch, Frankräich, Däitschland an an der Schwäiz restrukturéieren, fir konkurrenzfäeg ze bleiwen, well een aktuell a Schwieregkeete wier.
E multimodale Logistikbetrib
Trotzdeem rechent de Marc Wengler fir 2025 mat gudde Resultater. Hie betount, datt d’CFL scho virun 20 Joer ugefaangen hätt, sech ze diversifizéieren. Et ass een net reng op d’Eisebunn beschränkt, mee et wier een ee multimodale Logistikbetrib ginn.
Och de Portefeuille vu Clientë wier divers. War ee virun 20 Joer nach ofhängeg vun der Stolindustrie, esou hätt een elo eng helle Wull u verschiddene Clienten, seet de Marc Wengler.
Dobäi komme Filialen an den dräi Nopeschlänner. Am Zentrum vun deem Reseau steet Beetebuerg, dat mëttlerweil iwwerall an Europa bekannt wier, betount den CFL-Generaldirekter.
Aktuell schaffen eng 1.200 Leit fir d’CFL-Cargo.