arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CFL-Zuchlinnen: Reparaturen no Hëtzt-Schued zéie sech weider hin

Gleisdefekt

|
reading time

1 min

CFL-Zuchlinnen: Reparaturen no Hëtzt-Schued zéie sech weider hin

Am Zuchverkéier bleiwen och déi nächst Deeg Aschränkungen op verschiddene Linnen. Wéinst engem Defekt un der Streck op der Héicht vu Bierchem komme säit Méindegmëtteg Retarden an Ausfäll op de Linne Lëtzebuerg–Esch–Rodange a Lëtzebuerg–Diddenuewen–Metz vir.

reading time

1 min

CFL | © picture alliance / Hauke-Christian Dittrich
CFL (Foto: picture alliance / Hauke-Christian Dittrich)

D'CFL deele mat, datt d'Reparaturaarbechten duerch déi héich Temperaturen net am Laf vum Dag konnte gemaach ginn. D'Aarbechte goufen dofir nuets duerchgefouert, wéi d'Temperaturen et zougelooss hunn.

Aktuell lafen nach zousätzlech technesch Interventiounen. Mat enger progressiver Normaliséierung vum Verkéier gëtt net viru Muer de Mëtteg gerechent.

Bis dohinner musse Passagéier op de betraffene Linne weider mat Retarden an Zuchausfäll rechnen.