arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ „CFL Evasion“ hält op den 31. Mäerz op - Manner wéi 3% Reesen iwwer déi Filial gebucht

National

|
headphones

1 min

„CFL Evasion“ hält op den 31. Mäerz op - Manner wéi 3% Reesen iwwer déi Filial gebucht

„CFL Evasion“ hält op den 31. Mäerz dëst Joer op. Dat mellen d‘CFL an engem Schreiwes. Et wiere manner déi 3 Prozent Reese mam Zuch iwwer dës Filial vun der CFL verkaf ginn, esou d‘Argument.

headphones

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

All Rees, déi mat „CFL Evasion“ gebucht gouf, géif och stattfannen, heescht et nach am Schreiwes.

„We love to travel“ an „Emile Weber“ géifen de Relais iwwerhuelen. Déi fënnef betraffe Mataarbechter vun CFL Evasion géifen iwwerdeems eng nei Aarbecht am CFL Grupp kréien.