arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mat dobäi op engem Chantier vun der CFL

Tëschent Rued-Sir a Wecker

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Mat dobäi op engem Chantier vun der CFL

D’Eisebunnsstreck tëschent Rued-Sir a Wecker gëtt bis de 15. September komplett erneiert. Dat heescht déi ronn 30 Joer al Schwellen a Gleiser kommen eraus, an d’Gestengs gëtt zum Deel erneiert. Wou fréier wochelaang schwéier Handaarbecht néideg war, gëtt hautzedaags eng Maschinn agesat.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow
CFL Chantier | © Carole Schimmer
CFL Chantier (Foto: Carole Schimmer)

Déi Maschinn heescht ROS1000S an ass vun der internationaler Firma Swietelsky. D’Maschinn kann an engem Duerchgang verschidden Aarbechte realiséieren an dat op eng zimmlech effikass Manéier. Se packt bis zu 1.000 Meterkibb an der Stonn.
Et muss een sech virstellen, datt déi Maschinn ee Kilometer laang ass. Se fiert am Takt vun 150 Meter pro Stonn iwwert d’Gleiser.
D'Maschinn kann eigentlech alles, wat fréier vum Mënsch huet misste gemaach ginn. De Gertjan van Niftrik Responsabel fir déi international Aarbechte vum Group Swietelsky erkläert wéi d'Maschinn schafft.

"Wir nehmen die Schienen weg von den Schwellen und nehmen die alten Schwellen raus. Dann haben wir so eine Kette und die kratzt den Schotter unter den Schwellen weg. Das geht dann in eine Siebanlage in der Maschine, das bewegt sich so und dann werden die richtige Steine zurück eingebaut."

Aarbechter:innen an der Roll vum Oppasser

D’CFL-Aarbechter:innen um Chantier hunn éischter eng Roll vu Kontroller, fir ze iwwerwaachen ob net awer eng Schrauf feelt oder ob eng al Schwell duerch d’Erausrappen gebrach ass. Am Fall vun engem Problem gëtt de Maschinist gewarnt. 
De Chantier gesäit den Ersatz vun enger Partie vum Gestengs fir, erkläert de Laurent François Chef de projet vun den CFL.

"Déi heite Maschinn huet eben de Virdeel, datt se eng Entitéit agebaut huet, déi direkt de Bourrage mécht. Dat heescht, datt d'Gleis eng éischt Stopfaarbecht mécht, fir datt uschléissend direkt den Zuch ka mat 60 km an der Stonn do kënnt de wierklech en Zuch driwwer fueren."

Speziellt Holz aus Afrika

Op dësem Chantier gëtt just een Deel vun de Schlaken erausgefiltert, an Natursteng gi bäigemëscht. Ëmmerhi leien op engem Meter ronn 3,5  Tonne Steng. Dovunner ass eng hallef Tonn Natursteen derbäi. Déi al Schwelle ginn och vun där selwechter Maschinn lassgeschrauft, erausgehuewen an duerch neier ersat. Dat neit Holz vun de Schwellen ass speziell resistent, erkläert de Laurent François.

"Dofir hu mir eis elo entscheet Naturholzschwellen aus dem Gabun ze huelen. Déi sinn net traitéiert. Dat heescht, dat si Schwellen, déi naturbelooss sinn. Se hunn e Risevirdeel, well se eben einfach net sténken a well se einfach extreem eng gutt Form hu sinn. Si hunn natierlech een Nodeel, soen ech emol, du kriss kee Lach dra gebuert, well et extrem haart Holz ass."

Ganz ouni physesch Aarbecht geet et net

De Chantier leeft Dag a Nuecht op Schichten, woubäi d’Maschinn just am Dag am Asaz ass, Nuets ginn aner Aarbechte realiséiert. 
No der Maschinn mussen dann d’Gleiser zesummegeschweesst ginn, betount de Laurent François.

"Da ginn d'Schweessaarbechte gemaach. Dat heescht, mir hunn am Virfeld Schinnen, déi nei Schinne sinn ofgeluecht, déi sinn dann 120 Meter laang a ginn op 360 Meter zesummegeschweest- An duerno ginn dann, wann de Spannungsausgläich gemaach gouf gëtt dann dat ganzt Gleis erëm geleit."

Déi duebelgleiseg Streck tëscht Rued-Sir a Wecker ass 6,7 Kilometer laang, a fir dat ganzt ze erneiere brauch ee vill Material, dat sinn zwee Mol  6,7 Meter Gleis, dofir brauch ee 27 Kilometer u Schinnen, 22 Dausend Schwellen an et komme 7.500 Tonnen nei Steng op déi Streck. A knapp 14 Deeg muss alles fäerdeg sinn.

play_arrow Lauschteren