arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CDU debattéiert iwwer Ëmgang mat der AfD

Däitschland

|
headphones

1 min

CDU debattéiert iwwer Ëmgang mat der AfD

An Däitschland ass kuerz virun der Versammlung fir d’Preparatioune vun de Landtagswale bannent der CDU eng Debatt iwwer den Ëmgank mat der AfD entstanen. De Kanzler Friedrich Merz hätt gäre méi Distanz zu der AfD an huet sech fir eng Brandmauer ausgeschwat.

headphones

1 min

PHOTO MONTAGE, Alice Weidel a Friedrich Merz virun den AfD- an CDU-Logoen  | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
PHOTO MONTAGE, Alice Weidel a Friedrich Merz virun den AfD- an CDU-Logoen (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

An der Ëffentlechkeet hätt sech déi falsch Usiicht festgesat, datt d‘Union mat der AfD alles duerchsetze kéint, esou de Friedrich Merz géintiwwer däitsche Medien. 

D’AfD géif awer d‘Bundesrepublik a Fro stellen a géif a Wierklechkeet d‘CDU „vernichte“ wëllen. Och dofir wier d‘AfD an den nächste Wal-Ausernanersetzungen dann Haaptgéigner, esou nach de Friedrich Merz.