Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CDU-Politiker Klaus Töpfer ass dout

Däitschland

CDU-Politiker Klaus Töpfer ass dout

De fréieren däitschen Ëmweltminister Klaus Töpfer ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen. Den CDU-Politiker ass e Samschdeg no kuerzer, schwéierer Krankheet gestuerwen, wéi eng Porte-parole vun der CDU haut confirméiert huet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SvenSimon | Malte Ossowski/SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SvenSimon | Malte Ossowski/SVEN SIMON

De Klaus Töpfer war vun 1987 bis 1994 Ëmweltminister an Däitschland, bis an den héijen Alter huet hie sech fir eng nohalteg Politik agesat, iwwer Joerzéngten huet de Klaus Töpfer als dat gréngt Gewësse vun de Chrëschtdemokrate gegëllt.