arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CDU-Parteidag: Fréier Kanzlerin Angela Merkel mat derbäi

Däitschland

|
headphones

1 min

CDU-Parteidag: Fréier Kanzlerin Angela Merkel mat derbäi

Zu Stuttgart fänkt haut de Parteidag vun der CDU un. De Bundeskanzler Friedrich Merz stellt do haut seng Kandidatur fir als CDU-Chef erëmgewielt ze ginn. Et gëtt mat Spannung erwaart, wéi hien no 10 Méint als Kanzler bei dësem Stëmmungstest an der eegener Partei wäert ofschneiden.

headphones

1 min

Angela Merkel, fréier Bundeskanzlerin (CDU) | © picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto
Angela Merkel, fréier Bundeskanzlerin (CDU) (Foto: picture alliance/dpa/Revierfoto | Revierfoto)

Um CDU Parteidag gëtt och déi fréier Kanzlerin Angela Merkel erwaart. Si soll fir déi éischte Kéier zënter dem Enn vun hirer Regierungszäit nees bei engem Parteidag derbäi sinn.

Um CDU-Parteidag gëtt iwwer méi wéi 100 ënnerschiddlech Demandë beroden. Dorënner d‘Positioun vun der CDU fir e Social-Media-Verbuet fir Kanner a Jugendlecher. De Kanzler huet sech fir esou e Verbuet ausgeschwat. Op senger rezenter Visitt vum politeschen Äschermëttwoch zu Tréier huet de Bundeskanzler iwwerdeems seng Fuerderung un déi däitsch Bevëlkerung widderholl, déi sollt manner Wäert op Lifestyle leeën a méi op Wirtschaft.