Radioen

On air

Notturno  |  Miki Yamanaka & Mark Turner - GIN

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CDU/CSU leent Zesummenaarbecht mam Olaf Scholz am Bundestag of

Regierungskris an Däitschland

CDU/CSU leent Zesummenaarbecht mam Olaf Scholz am Bundestag of

D‘Uniounsparteien an d‘FDP wëlle keng Zesummenaarbecht mam Bundeskanzler Olaf Scholz am Bundestag, sou wéi deen dat nom Enn vun der Ampelkoalitioun virgeschloen huet.

auto_stories

1 min

Vun CDU-Säit heescht et, de Kanzler misst elo sou séier wéi méiglech d‘Vertrauensfro stellen. Dat géif och vun de Bierger erwaart ginn.

D‘SPD hat virgeschloen, datt d‘CDU am Bundestag nach eng Rei wichteg Gesetzesprojete kéint mat stëmmen. Duerno sollten da fair Walen organiséiert ginn.

D‘CDU verlaangt awer esou sou séier wéi méiglech Neiwalen.