search

/ CCDH bedauert, datt de Strofmündegkeetsalter vun 13 Joer u gëlle soll, amplaz vu 14

Mënscherechtskommissioun

|
reading time

2 min

CCDH bedauert, datt de Strofmündegkeetsalter vun 13 Joer u gëlle soll, amplaz vu 14

De Gesetzesprojet fir den Droit penal fir Mineuren ze reforméieren, géif a senger aktueller Form nach ëmmer net den internationale Standarden entspriechen, esou de Constat vun der Mënscherechtskommissioun CCDH.

reading time

2 min

© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

D’Mënscherechtskommissioun bedauert och, datt hier Recommandatiounen an och déi vun anere Kannerrechts-Organisatiounen am Gesetzestext ignoréiert géife ginn. Dorënner de Strofmündegkeetsalter, dee vun 13 Joer u gëlle soll, an net wéi vun der CCDH gefuerdert, vu 14 Joer un oder driwwer. 

Aner Äntwerte siche bei Gewaltbereetschaft vu Jonken

Op d’Fro, ob si och bei enger Hausse vun der Gewaltbereetschaft grad bei Jonken, weider doru festhalen, sot d'Anamarija Tunjic vun der CCDH, datt d'Experten déi Limitt op mindestens 14 Joer setzen. 

"Do sinn Diskussiounen amgaangen, well déi Gewaltbereetschaft eropgeet. Mee d'Fro, déi ee sech muss stellen: Ass dann eng Procédure pénale wierklech adaptéiert an deem dote Kader? Ginn et aner Äntwerten, déi ee vläicht kann ubidden an esou Situatiounen?" 

Fir e Kand direkt an eng Procédure pénale anzebannen, wat eventuell zu Prisong féiere kann, gesäit d'Anamarija Tunjic kritesch. 

"Do muss ee sech vläicht d'Fro stellen, ob dat wierklech dozou bäidroe wäert, datt Kanner manner gewaltbereet sinn." 

D’Mënscherechtskommissioun begréisst iwwerdeems, datt nom neie Gesetzestext Mineuren net méi an den Erwuessene-Prisong kommen dierfen. Kritiséiert awer datt dës Reegelung wärend den Ausbauaarbechte vun der Unisec zu Dräibuer ausgesat ka ginn.

CCDH: Vun 18 Joer un net direkt an den Erwuesseprisong

Déi neurologesch Maturitéit fir d’Konsequenze vu sengen Handlunge virauszegesinn, géif nämlech eréicht mat 25 Joer erreecht ginn, esou d’ Anamarija Tunjic. D’CCDH fënnt, datt et en eng Iwwergangszäit bräicht, ier d'Leit vun 18 Joer un an den Erwuesseneprisong ginn. Dat sollt net automatesch geschéien.

"Dat ass au contraire zu den internationalen Normen a mir sinn och absolut du dergéint, well esou eng Approche de Risiko mat sech bréngt, datt déi ganz Aarbecht, déi virdrun am Centre pénitentiaire fir Mannerjäreger scho geleescht gouf, kompromettéiert gëtt. Deen knapps 18 Järeger ginn engem ganz anere Milieu ausgesat, wat riskéiert se nach méi an d'Delinquenz ze drécken."

De Projet de loi fir den Droit penal fir Mineuren ze reforméiere war schonn am Joer 2022 deposéiert ginn, an huet 60 formell Oppositioune kritt.