Business-Client(e)ë vun der ING wiessele bei d’Post
D‘ING Bank an d‘Post sinn sech iwwert en Accord eens ginn, am sougenannte Business Banking: Fir déi lokal kleng a mëttel Entreprisen, Independanten an Entrepreneuren. Deen Accord gesäit fir, datt eng 4.500 aktuell ING-Business-Client(e)ë progressiv bei d‘Post kënne wiesselen.
D‘ING deelt mat, datt d‘Cliente selwer elo näischt direkt missten ënnerhuelen, si géife fir d‘Transitioun kontaktéiert ginn.
D’ING hat d‘lescht Woch confirméiert, datt ee sech, no de klenge private Cliente(ë)n, elo och aus dem Business Banking wéilt zeréckzéien. Wéinst deenen Ëmstrukturéierunge sollen och 124 Plazen ofgebaut ginn.