D‘Police schwätzt an Zwëschenzäit vun op d‘mannst 5 Doudegen a ville Blesséierten. Am Ufank war vun engem Doudesaffer Rieds.
De Reesbus vu Flixbus war de Moien, aus nach opgekläerten Ursaachen, vun der Strooss ofkomm an ëmgekippt. Et sollen 53 Passagéier an zwee Chaufferen am Bus gewiescht sinn. E war ënnerwee vu Berlin op Zürech.
Déi ganz Autobunn A9 ass op béide Säite gespaart, et sinn e puer Helikopteren a vill Ambulanzen do, d‘Klinicken an der Géigend wiere prett fir e Groussasaz, sou d‘Police.