Fir Leit, déi aus dem Minett bis direkt heivir a Frankräich wëlle fueren – oder ëmgedréint - dierft déi nei Buslinn vun Interessi sinn.
Déi nei Linn 651
De Yan Steil, Directeur adjoint vun der Transportverwaltung, erkläert, wou déi nei Linn hifiert, a wéi eng Virdeeler se genee mat sech bréngt.
"D'Linn 651, déi fiert vun Uewerkuer iwwer Bieles, Esch-Uelzecht, Keel, Diddeleng op Volmerange. Déi fiert all Véierelstonn, dat heescht, déi fiert relativ oft. Dat ass och e grousse Bus. An dat wäert eng vun deenen hoffentlech wichtegste Linnen am Süde ginn, fir einfach déi Querverbindung ze maachen, déi haut zwar den TICE mécht, awer net esou séier an net esou direkt."
Och nei am Süden ass, datt d’TICE-Linn 17 op d’Escher Gare duerch d’Linn 643 ersat gëtt an als Terminus neierdéngs Steebrécken wäert hunn, an net wéi virdru Féiz.
D’Linn 650 vum Belval op Beetebuerg wäert iwwerdeems ugepasst ginn, soudatt se och nach Rëmeleng an Téiteng an hirem Tracé wäert hunn. Doriwwer eraus goufen et nach eng Partie Upassunge wéinst dem neie Contournement zu Dippech.
Méi Zich a Richtung Norden
D’Neierungen am Zuchverkéier verdeele sech iwwer dat ganzt Land. Beispillsweis wäerten et am Keeldall - also tëschent Näerzeng a Rëmeleng - zwee Zich d’Stonn ginn, och an der Mëttesstonn. Bis ewell goufen et do 7 Zich den Dag. Elo wäerten et der 22 ginn.
Och op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Ettelbréck huet een d’Offer erweidert, wéi d’Alessandra Nonnweiler, Porte-parole vun der CFL, erkläert.
"Do war et ëmmer esou, datt mir traditionell méi Zich haten op de Weekender tëschent Abrëll a September, awer doduerch, datt mir festgestallt hunn, datt d'Unzuel vun de Clienten, déi de Weekend fueren an den Norden, sech an deene leschte 5 bis 6 Jore verduebelt huet, wäerte mir dann och elo do eis Offer vergréisseren, andeems mir véier Zich pro Stonn hunn, vu Lëtzebuerg op Ettelbréck, an dovunner dann och zwee, déi bis op Ëlwen weiderginn."
A Richtung Belsch ass et dann d’Neierung, datt eng Kéier d’Stonn een Zuch iwwer Arel bis op Libramont fiert. Doduerch misste Passagéier, déi op Libramont mussen, net méi zu Arel ëmklammen, esou nach d’Alessandra Nonnweiler.
Weider Informatiounen zu den ugepasste Fuerpläng fënnt een iwwer mobilitéit.lu, cfl.lu an an de jeeweilegen Appen.