Just 0,6 Prozent hanner deene Gréngen a Baden-Württemberg läit d’CDU op der zweeter Plaz, déi rietsextreem AfD gëtt mat 18,7 Prozent drëttstäerkste Kraaft.
De Cem Özdemir huet direkt no der Wal d’CDU dozou opgeruff, eng gréng-schwaarz Regierung unzestriewen. Et wier déi selwecht Konstellatioun, mat där säi Virgänger Winfried Kretschmann schonn déi lescht 10 Joer regéiert huet.
Eigentlech verluer, mee awer gewonnen
Méi wéi zwee Prozentpunkten huet d’B90/Die Grünen bei der Landtagswal a Baden-Württemberg par Rapport zu 2021 verluer, iwwer 5 Prozent huet d’CDU zougeluecht. An awer geet et duer fir déi Gréng an hire Spëtzekandidat Cem Özdemir. Mat engem hauchdënne Virsprong vun ongeféier engem hallwer Prozentpunkt bléiwe si déi stäerkste politesch Kraaft am Bundesland.
Mam Cem Özdemir kritt Däitschland also wuel fir d’zweete Kéier e grénge Ministerpresident, a fir d’éischte Kéier e Landes-Regierungschef mat tierkesche Wuerzelen. A sengem Walkampf hat de fréieren däitsche Landwirtschafts- a Bildungsminister sech staark vun der Bundespartei vun de Gréngen ofgegrenzt. Profitéiert huet hien awer och vun e puer klenge Skandaler vu sengem stäerkste Konkurrent, dem Manuel Hagel, vun der CDU. Déi konservativ Partei louch laang an de Sondagen däitlech viru B90/Die Grünen.
Rietsextreem AfD kritt bal duebel esou vill Stëmme wéi 2021
Wärend déi rietsextreem AfD hiert Resultat am Verglach zu 2021 verduebelt huet op bal 19 Prozent vun de Wielerstëmmen, sinn d’Sozialdemokrate vun der SPD ofgestierzt: Si hu 5,5 Prozentpunkte verluer a packen et nach esou just an d’Parlament. Déi liberal FDP huet och iwwer 6 Prozentpunkte verluer, ass domat awer net méi am Landtag zu Stuttgart vertrueden.