Oft geschitt et net, datt am däitsche Bundestag Unioun, SPD, d’B90/Die Grünen an d’Lénkspartei matenee vir eppes stëmmen. Ma Enn lescht Woch war esou eng rar Occasioun. Wéi et nämlech drëm goung, den AfD-Deputéierte Stephan Brandner a Matthias Moosdorf hir Immunitéit ze entzéien. D’Parteikolleege vun den zwee Politiker vun der an Deeler rietsextremer AfD hu sech enthalen.
Journalistin beleidegt
Relevant ass d’Decisioun vum däitsche Parlament, well géint déi zwee Politiker Ermëttlungsverfare lafen. De Stephan Brandner, Vize-Parteichef vun der AfD, soll eng Journalistin vum Noriichtemagasinn „Spiegel“ beleidegt hunn. Schon zënter engem Joer leeft e juristescht Verfaren. D’Journalistin seet, de Stephan Brandner hätt si als „Faschistin“ bezeechent. Op Twitter hat de Brandner och seng Supporter dozou opgeruff. Den AfD-Politiker behaapt iwwerdeems, him géif „d’Phantasie feelen“, fir an dee Begrëff eppes gesetzeswiddreges kënnen eran ze interpretéieren.
Hitlergruß a Russlandbezéiungen
Deem zweete Politiker, dem Matthias Moosdorf, gëtt reprochéiert, 2023 an engem Nieweraum vum Reichstag en Hitlergruß gewisen ze hunn. Dat huet e Spriecher vun der AfD-Fraktioun confirméiert. De Matthias Moosdorf gëllt als Russland-frëndlech a krut an der Vergaangenheet scho vu senger eegener Partei Geldstrofen, well en op eege Fauscht a Russland gereest a sech mat Beroder vum Wladimir Putin getraff hat.
D'Immunitéit schützt d’Deputéiert viru juristesche Suiten, besonnesch soll dat d’Politiker:innen awer viru politesch motivéierte Kloe schützen. D’Immunitéit gëllt net, wann d’Deputéiert bei hirem Délit direkt erwëscht ginn oder kuerz duerno festgeholl ginn.