De Bundeskanzler geet dovun aus, datt esou fir den Ament genuch jonk Leit fir d‘Bundeswehr gewonne kéinte ginn. Gebraucht gi ronn 80.000 zousätzlech Zaldoten.
En obligatoresche 'Wehrdéngscht', wéi virun allem Uniounspolitiker e gefuerdert haten, gouf zwar net zeréckbehalen. De Friederich Merz geet awer dovun aus, datt d‘Wehrflicht kuerz oder laangfristeg awer géif kommen.
De Gesetzesprojet muss nach duerch de Bundestag.