Bulgarien ersetzt also seng Landeswärung “Lew” (däitsch: Löwe) mam Euro. Domat ass Bulgarien dat 21. Land an der Eurozon.
De Change ass op 1,95583 Lew zu engem Euro ugesat.
Bulgarien ass zënter 2007 Member vun der Europäescher Unioun. De Bäitrëtt an de Wärungsraum erliichtert souwuel den Handel wéi och d’Reesen.
Schonn 2024 wollt Bulgarien den Euro aféieren. De Bäitrëtt an d’Eurozon gouf awer wéinst dem héijen Inflatiounstaux vun 9,5 Prozent verréckelt.
Déi Europäesch Zentralbank an d’EU-Kommissioun hunn Ufank Juni confirméiert, datt d’Land elo déi néideg Krittäre (Präisstabilitéit, stabil Staatsfinanzen a stabil Change) géif erfëllen.
A Bulgarien ass d’Aféiere vum Euro awer ëmstridden a gëtt vu gréissere Protester begleet. Um Dënschdeg hu prorussesch a nationalistesch Euro-Géigner zu Protestaktiounen an der Haaptstad Sofia opgeruff.