An der Gemengerotssitzung vum 3. September huet den 43 Joer ale Claude Daman erkläert, datt hie säi politescht Amt net mat sengem Beruff a senger Famill zäitlech arrangéiert kréich. Hie wëllt op sengem Poste bleiwen, bis een Nofollger designéiert wier, huet den Nach-Buergermeeschter an der Sitzung erkläert.
De Claude Daman huet eis de Mëtteg op Nofro säi Réckzuch confirméiert. Hien ass Eisebunner a Papp vun zwee Kanner.
Bei de Gemengewalen am Juni d’lescht Joer hat de Claude Daman déi meeschte Stëmme kritt: Hie war den Nofollger vum Henri Rinnen ginn, deen 28 Joer laang Buergermeeschter vu Wäiswampech war.
D’Gemeng Wäiswampech am Kanton Klierf huet knapp 2.500 Awunner.