Op d’Situatioun zum Beispill op der Stäreplaz oder op der Paräisser Plaz ugeschwat, huet d’Buergermeeschtesch de Moie virun der Press gemengt, op der Place de l’Etoile wier jo vill Gréngs, an d’Place de Paris wier no Wënsch vun de Bierger an engem partizipative Prozess ausgeschafft ginn. Dobäi wier och e Waasserspill installéiert ginn, wat immens gutt ukomme géif.
Doriwwer eraus géifen et an der Stad wonnerbar Terrasse ginn, zum Beispill op der Plëss, wou Beem Schiet spenden.
"Stad brauch grouss Flächen"
Flott wier et, wann een op Terrassen eventuell Maschinnen, déi Wasserniwwel an der Loft verdeelen, kéint installéieren, wéi et zum Beispill am Süde vu Frankräich de Fall wier, esou d’Buergermeeschtesch. Mee eng Stad bräicht awer och grouss Flächen, op deene Plaz fir Evenementer wier:
"Wann Dir de Glacis kuckt, da gesitt Dir, datt mer eeben esou Plazen och brauchen. Mir brauche Plazen, déi eeben disponibel sinn, fir esou, sief dat Concerte, sief dat fir d'Schueberfouer, mir brauchen dat. Mir kënnen net iwwerall Bësch hunn. Mir hu ganz vill Bësch. D'Hallschent vun der Stad ass gréng."
Ouni esou Plazen, wieren esou Evenementer, wéi um Nationalfeierdag deelweis net méiglech, esou nach d'Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer.