Net manner ewéi 1.700 Amendementer goufe bis elo agereecht fir déi éischte Partie vum Budget, also d’Recetten. Et gëtt deemno vun e Méindeg u vill ze diskutéieren an ze iwwerschaffe fir d’Parlament.
Och parteiintern Oneenegkeeten
Net nëmmen tëschent de Parteien herrscht scho groussen Desaccord wéi de Budget soll ausgesinn, mee och an de Parteie selwer. D’Regierungskoalitioun Ensemble huet net manner ewéi 300 Amendementer agereecht, well et ënner anerem Kritik un de Pläng gëtt d’Verméigenssteier ze verlängeren oder eng Taxen op Holdingen ze erhiewen.
D’Gauche wëllt op alle Fall d’Taxe Zucman op Verméigen iwwer 100 Milliounen Euro duerchsetzen, wärend den RN-Vizechef Sébastien Chenu gëschter op BFMTV kloergestallt hat: Den RN wäert de Budget an der aktueller Form net ënnerstëtzen.
Kee verstoppte Plang?
D’Regierung wëllt déi annoncéiert Suspensioun vun der Pensiounsreform duerch eng Ännerung am Budget ëmsetzen. Sollten d’Debatten awer am Sand verlafen an et géif kee Kompromëss virum Delai stoen, da kéint d’Regierung d’Reform um Liewen halen, well dann den Originaltext ouni Suspensioun theoretesch kéint duerchgesat ginn.
Dat wëllt d’Oppositioun verhënneren a fuerdert de Premier op, eng Lettre rectificative ze deposéieren, déi d’Suspensioun rechtlech confirméiert. D’Regierungsspriecherin sot awer et géif kee verstoppte Plang ginn, all Versprieche géifen agehale ginn.