arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Budgetsdebatten: Invest an d'Zukunft oder falsch Hoffnung an de Wuesstemsmodell?

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Budgetsdebatten: Invest an d'Zukunft oder falsch Hoffnung an de Wuesstemsmodell?

Trotz Rekord-Depensen an d’Digitaliséierung, d’Wirtschaft oder d’Sécherheet, hätt Lëtzebuerg seng Finanzen am Grëff. Dat sot den CSV-Finanzminister Gilles Roth a senger Ried zum Optakt vun de Budgetsdebatten um Dënschdegmëtteg an der Chamber.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den CSV-Finanzminister Gilles Roth | © Chambre des Députés
Den CSV-Finanzminister Gilles Roth (Foto: Chambre des Députés)

Dës Depense wieren en Investment an d’Stabilitéit vu Lëtzebuerg a keng Belaaschtung. D’Oppositioun bemängelt dogéint, datt d’Regierung ze staark um Wuesstemsmodell géif festhalen.

Fir 2025 rechent de Finanzminister mat engem Defizit vun 1,2 Milliarden Euro. Dat wiere 660 Milliounen Euro manner Defizit wéi beim Budget 2023 virausgesot gouf, esou de Finanzminister Gilles Roth. 46 Prozent vun den Depensë wiere fir Sozialtransferte virgesinn.

"Investitiounen an eise soziale Fridden an eis Stabilitéit mat méi Kannergeld vun 2027 un."

CSV: "Manner Wuesstem bedeit manner Wuelstand"

Op der Säit vun de Recettë kënnt e groussen Deel duerch Tubakaccisen. Mat 1,5 Milliarden Euro hors TVA rechent den Finanzminister Gilles Roth fir 2026 an ass sech der Kritik un den héijen Tubakrecettë bewosst:

"Déi, déi op dës Einname verzichte wëllen, jo, déi sollen de Leit och kloer erkläre wou se déi Milliard da wëlle spueren."

Den neien CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet huet sengersäits betount wéi wichteg, de Wuesstem fir Lëtzebuerg wier:

"Manner Wuesstem bedeit manner Aarbechtsplazen, manner Wuelstand a finanziellen Drock op eis sozial Systemer."

Et wier wichteg mateneen ze wuessen, an datt dobäi jidderee matgeholl gëtt. Dat ouni datt et op Käschte vun zukünftege Generatioune geet, esou de Laurent Zeimet. 

LSAP: "Méi Wuesstem heescht net automatesch méi Kafkraft"

D’LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding war domat net d’accord. D’Approche vun der Regierung wier eendimensional a géif keng sozial Gerechtegkeet garantéieren.

"Méi Croissance heescht net automatesch méi Kafkraaft fir d'Leit. Wann d'Croissance nëmmen e puer profitéiere léisst, dann huet se hire politesche Wäert verpasst. D'Finanzpolitik muss ëmmer déi ganz Gesellschaft am A hunn an net just a happy few."

Grad ewéi d’LSAP huet och d’ADR ugekënnegt de Budget net matzestëmmen. De Budget géing fir eng Politik stoen déi d’Problemer no hanne verréckelt amplaz ze léisen, esou den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup.

play_arrow Lauschteren