arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Budget 2026: Investitioun an d'Zukunft oder inkohärent?

Finanzpolitik

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Budget 2026: Investitioun an d'Zukunft oder inkohärent?

E puer Deeg virun der Diskussioun an dem Vott an der Chamber vum Staatsbudget 2026 gouf um Freidegnomëtteg an der parlamentarescher Finanzkommissioun de Rapport vum CSV-Deputéierte Maurice Bauer guttgeheescht. Oppositioun a Majoritéit hunn hir Meenung dozou geäussert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

De Budget fir d’nächst Joer gesäit fir den Zentralstaat en Defizit vun 1,49 Milliarden Euro, a fir de Gesamtstaat e Minus vu 408 Milliounen Euro vir.

LSAP: Wéi soll déi Rechnung opgoen?

D’Deputéiert vun der CSV-DP-Majoritéit hunn de Mëtten an der Kommissioun fir de Rapport gestëmmt an déi vun der Oppositioun dogéint. An dat obwuel och Vertrieder:inne vun der LSAP a vun de Piraten no der Kommissiounssëtzung d’Aarbecht vum Maurice Bauer u sech gelueft hunn.

Sou huet de Franz Fayot vun der LSAP dem Rapporteur felicitéiert fir seng Fläissaarbecht. Hien a seng Fraktiounskolleegen hätten de Rapport awer net gedroen, well d’Richtung vum Budget net stëmme géif an et Contradictioune géif ginn.

"De Budgetsrapporteur thematiséiert d'Aarmutsbekämpfung, a mir hunn et hei mat engem Budget ze dinn, deen am Fong kee ganz verantwortleche Budget ass, well en och d'Land net fit mécht fir eben déi Defien, déi op et duerkommen."

Dem Franz Fayot no géif et vill Inkohärenzen am Rapport ginn, och méi laangfristeg gekuckt, soudatt den LSAP-Deputéierten net gesäit, wéi déi Rechnung opgoe sollt.

Piraten: Et gëtt probéiert, dem Budget eng "sozial Nues ze ginn"

An den Ae vum Sven Clement vun de Piraten huet de Rapporteur vill Recommandatioune gemaach am soziale Beräich a probéiert, dem Budget eng sozial Nues ze ginn. Mee dat kéint d’Zuelen net cachéieren.

"An d'Zuelen am Budget sinn nun emol net dat, wat de Rapporter probéiert huet, nach draus ze maachen. De Budget huet eng nei Staatsverscholdung. Mir hu keng Previsiounen op d'Depensë vun deenen nächste Joren."

Et géif e bëssen nom Prinzip Hoffnung regéiert ginn, wat een als Oppositioun net matdroe kéint, huet de Sven Clement vun de Pirate betount.

DP: Budget soll Sozialstaat finanzéieren

Dogéint huet den André Bauler vun der DP de Rapport "gär matgestëmmt", well et e Budget wier vun den Investitiounen an d’Zukunft.

"Mir wëlle jo, dass Lëtzebuerg weider en attraktive Standuert bleift. Mir mussen och attraktiv sinn a bleiwen, fir dass mir déi Recetten erwirtschaften, déi mir brauchen, fir eise Sozialstaat ze finanzéieren."

Dowéinst wier et pertinent, datt de Rapporteur den Akzent ënner anerem op d’sozial Hëllefe geluecht hätt. Well nieft der Noutwendegkeet vun Investitiounen hätt de Maurice Bauer gewisen, wou een an Zukunft nach kéint Akzenter setzen, huet den DP-Deputéierten André Bauler fonnt.

play_arrow Lauschteren