Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Britteschen Embargo fir Waffeliwwerungen an Israel: 30 Lizenzen suspendéiert

Verstéiss géint humanitär Reegelungen

Britteschen Embargo fir Waffeliwwerungen an Israel: 30 Lizenzen suspendéiert

De brittesche Verdeedegungsminister John Healey huet haut de partiellen Embargo fir Waffeliwwerungen un Israel verdeedegt. D‘Decisioun hätt deemno keng wesentlech Konsequenze fir déi israeelesch Sécherheet.

auto_stories

1 min

Groussbritannien liwwert keng Waffen direkt un Israel. Brittesch Waffefirmen hunn awer eng 350 Lizenze fir den Export. 30 dovu goufen elo suspendéiert, dorënner Deeler fir Dronen a Kampfjetten. Groussbritannien huet mat Verstéiss géint humanitär Reegelungen argumentéiert.