arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Epstein-Affär: Brittesche Premier Keir Starmer weider ënner Drock

Groussbritannien

|
headphones

1 min

Wéinst Epstein-Affär: Brittesche Premier Keir Starmer weider ënner Drock

Iwwer de Weekend hat de brittesche Cabinetschef Morgan Mc Sweeney demissionéiert. Den Drock op de Premier Keir Starmer bléift iwwerdeems trotzdeem héich. Haut um Méindeg soll de Starmer sech virun der eegener Labour-Fraktioun erklären.

headphones

1 min

© EPA/NEIL HALL / POOL
(Foto: EPA/NEIL HALL / POOL)

Dee fréiere Wirtschaftsminister Perter Mandelson soll enke Kontakt mam Jeffrey Epstein gehat hunn. Wärend der Finanzkris soll hie sensibel Informatiounen un den Epstein weidergeleet hunn.

Trotzdeem huet de Keir Starmer de Mandelson d'lescht Joer zum US-Ambassadeur ernannt. Den demissionéierte Cabinetschef Mc Sweeney hat d'Responsabilitéit fir déi Decisioun geholl, eng Decisioun déi - wéi hie seet - falsch gewiescht wier.