arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Brittesch Regierung wëllt Dokumenter ronderëm fréiere Prënz Andrew verëffentlechen

Groussbritannien

|
headphones

1 min

Brittesch Regierung wëllt Dokumenter ronderëm fréiere Prënz Andrew verëffentlechen

D‘brittesch Regierung ass bereet fir d‘Dokumenter ronderëm dem fréiere Prënz Andrew seng Nominatioun als Handels-Emissaire ze verëffentlechen. D‘Regierung huet eng entspriechend Motioun am Parlament ënnerstëtzt.

headphones

1 min

Dat wier dat mannst, wat een den Affer vum Epstein an anere schëlleg wier, esou de Staatssekretär fir de Commerce, Chris Bryant.

Hien huet den Andrew als „onhéiflech, arrogant a privilegéiert“ bezeechent, deen net capabel wier, fir tëschent dem ëffentlechem a sengem privaten Interessi ze ënnerscheeden. Eng Ausso géint ee Member vun der Monarchie, déi bis viru kuerzem nach ondenkbar gewiescht wier, esou d‘Analys vun der franséischer Presseagence.

Den Andrew gouf d‘lescht Woch kuerzzäiteg festgeholl. Géint hie gëtt ermëttelt wéinst Verdacht op Amtsmëssbrauch. Hie soll a senger Zäit als Handels-Emissär an den Ufank 2000er Joren dem verurteelte Sexualverbriecher Jeffrey Epstein vertraulech Dokumenter geschéckt hunn.