Radioen

On air

Moiesstudio  |  Gilles Hempel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Brittesch Regierung convoquéiert Krisecomité

Wéinst Krawalle vu Rietsextreemen

Brittesch Regierung convoquéiert Krisecomité

Déi, déi un de rezente rietsextreeme Protester a Groussbritannien deelgeholl hunn, solle séier condamnéiert ginn. Dat sot de brittesche Premier Keir Starmer no enger Reunioun haut vum nationale Krisecomité. Et wier seng absolut Prioritéit fir d‘Ausschreidungen ze stoppen.

auto_stories

1 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot
Foto: picture alliance / Photoshot

Op d‘mannst 250 Persoune wiere bis ewell festgeholl ginn, esou d‘BBC. Bei de Krawalle goufen och zwee Hotellen attackéiert an deenen Asyldemandeuren ënnerbruecht waren. Änlech Attacke goufen et och an anere Stied. Et gouf Blesséierter, dorënner e puer Polizisten, an héije Materialschued. 

Hannergrond si falsch Meldungen no der Messerattack virun enger Woch am Nordweste vun England, wou dräi kleng Meedercher erstach goufen.

Obwuel d'Police erkläert huet, datt dee verdächtege, 17 Joer alen Teenager an England gebuer ass, ginn iwwer d’Sozialnetzer Rumeure verbreet, datt hien en Asyldemandeur wier, deen illegal an England koum. Dës falsch Informatioune gi vu Rietsextreemen an Ultranationaliste benotzt, fir anti-moslemesch Haassaktiounen ze provozéieren.