Si géif um Kierfecht zu Saint-Tropez vis-a-vis vum Mier bäigesat ginn, do wou och hir Eltere begruewe sinn, esou déi franséisch Presseagence mat Verweis op d‘Gemeng. D‘Brigitte Bardot hätt déi lescht Jore geplangt gehat fir an hirer Proprietéit zu Saint-Tropez begruewen ze ginn, heescht et. Aus net bekannte Grënn hätt si awer hir Meenung geännert, esou franséisch Medien.
D‘Brigitte Bardot ass gëschter am Alter vun 91 Joer gestuerwen.