Fir d’Joer 2025 gouf d’Wuert Trounwiessel designéiert. D’Wuert Trounwiessel war virun am nom 3. Oktober - den Dag, wou Lëtzebuerg een neie Grand-Duc krut - iwwerall ze héieren an ze gesinn. Esouguer een Tramsarrêt wier ëmbenannt ginn an dat hätt een net all Joers, erkläert den Direkter vum Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den Alexandre Ecker.
Déi meescht Propose vum Public fir e falscht lëtzebuergescht Wuert
Fir d’Wuert vum Joer erauszefannen, schafft den ZLS enk mat Mediepartner zesummen, dorënner och dëse Radio 100,7. D’Leit kënne bei de Medienhaiser hir Proposen erareechen. D'Jury wielt aus den 20 meescht genannte Wierder dann hier Top 5. Trounwiessel war vun de Proposen déi era komm sinn net op der éischter Plaz, mee dat falscht lëtzebuergescht Wuert "Fréistécken".
D’Jury, déi d’Wuert designéiert, hätt awer kee Bezuch zum Wuert “Fréistécke” gehat, erkläert den Alexandre Ecker.
"Mir hu jo och d'Krittären, datt et muss e bëssen eppes ze dinn hu mat der Aktualitéit, datt et muss e gewëssenen Erëmerkennungswäert hunn an dat war da vläicht fir verschidde Membere vum Jury hei beim Wuert "Fréistécken"net de Fall."
E Jugendwuert vum Joer?
Dat Wuert wier an der Haaptsaach vun engem jonke Public eragereecht ginn, erkläert den Alexandre Ecker. A fir deenen hire Propose kennen nozekommen, wier een amgaangen ze iwwerleeë fir vum nächstem Joer un och ee Jugendwuert anzeféieren.
Well wann ee kucke géif, wien déi meeschte Propose fir d'Wuert vum Joer eragëtt, da géif ee mierken, datt effektiv déi jonk Leit sech fir déi Saach interesséieren.
"Crazy" an och den TikTok Trend "6-7" waren an der Top 10, esou wéi eeben dat falscht lëtzebuergescht Wuert "Fréistécken", dat vum däitsche Wuert Frühstücken verlëtzebuergescht gouf.
"Et ass en Interêt do an ech mengen dee Public musse mir och méi ze pake kréien an dat ass eis en Uleies am ZLS, fir och an déi Richtung ze goen."
Fir d’Joer 2025 koumen nieft dem Wuert Trounwiessel och d’Wierder: Sozialdialog, Alphabetiséierung, Nickts-Affär a Pensiounsreform an d’Top 5.
Opfälleg ass dobäi, datt bal all d’Prposen zesummengesate Wierder sinn. Dat géif ënner anerem dru leien, datt ee mat der Lëtzebuerger Sprooch nei Wierder kéint kreéieren, déi de Leit da besonnesch gutt géife gefalen, esou nach den Alexandre Ecker.