D‘Haaptgebai huet misse komplett evakuéiert ginn an et kann net méi vollstänneg genotzt ginn. Eng Partie Patiente goufen dofir schonn an aner Spideeler transferéiert.
D‘Feier wier entretemps geläscht. Ronn 130 Leit vun de Rettungsdéngschter waren dofir am Asaz. Iwwer d‘Brandursaach huet d‘Police nach keng Detailer genannt. D‘Enquête leeft.