arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Braderie an der Stad: "D'Leit komme fir eng gutt Affär ze maachen"

96. Editioun

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Braderie an der Stad: "D'Leit komme fir eng gutt Affär ze maachen"

D'Braderie um Méindeg geet vu moies 9 Auer bis owes 7 Auer. An der Uewerstad a ronderëm d'Gare sinn um Méindeg d'Stroosse fir de motoriséierte Verkéier gespaart.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Iwwer 60 Prozent vun den am Ganzen 211 Stänn, déi dëst Joer bei der Braderie matmaachen, gehéieren zu de Commercants fixes, also zu deenen, déi och e Buttek an der Stad hunn, erkläert d'Mireille Rahmé, Presidentin vum Stater Geschäftsverband. 

“Ech mengen all dat, wat mir organiséieren, dat ass eeben ee Plus. Et sinn der vill, déi mat de Kanner kommen. Duerfir hu mer Aktivitéite fir d'Kanner. An och fir d'Iessen ass gesuergt, wéi ëmmer, do hu mer net nëmmen, datt mer 430 Restauranten a Caféen um ganze Perimeter vun der Braderie hunn.”

Iwwer 50 Prozent vun de Visiteure géifen iwwerdeems op d'Braderie goe fir eng gutt Affär ze maachen, esou nach d'Mireille Rahmé am 100,7-Interview.

play_arrow Ginn d'Leit nach gär op d'Braderie?

play_arrow Lauschteren