Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Boeing kritt Geriichtsprozess evitéiert

Accord mam Justizministère

Boeing kritt Geriichtsprozess evitéiert

Boeing huet en Accord mam amerikanesche Justizministère fonnt fir e Geriichtsprozess ze evitéieren. Et geet ëm déi zwee Fligeraccidenter mat enger 737 MAX viru 5 Joer, bei deenen am Ganzen 346 Mënschen ëm d‘Liewe komm waren.

auto_stories

1 min

© Foto: Global Panorama / Flickr
Foto: Global Panorama / Flickr

An dësem Accord bekennt Boeing sech elo schëlleg, d‘US-Regierung bedrunn ze hunn. Deemools hat Boeing nämlech schonn e Prozess verhënnert kritt, mam Verspriechen, e Compliance- an Ethikprogramm ëmzesetzen.

Boeing hat och eng Strof vun 243,6 Milliounen Dollar bezuelt. 

Den amerikanesche Justizministère koum awer elo zur Conclusioun, datt Boeing dat Verspriechen net agehalen huet. Enner anerem, well et am Januar op en Neits bal en Accident mat engem Boeing 737 MAX gouf. Dësen Accord gesäit elo fir, datt Boeing eng weider Strof vu ronn 420 Milliounen Euro muss bezuelen an an e Sécherheetsprogramm investéiere muss.