D'Bodycams géifen elo nei programméiert ginn, heescht vun der Police. Méi genee soll den automateschen Trigger fir d'Kamera um Holster vun der Waff verbessert ginn. Well deen den Ament och beim Undoe vun der Uniform lassgeet, wier en aktuell och net montéiert.
Bodycams ginn ëmprogramméiert
Wann eng Kamera aktivéiert gëtt, ginn och all aner Bodycams deen Ament sur place automatesch mat aktivéiert. Genee dat wéilt een elo bei der Ëmprogramméierung änneren, fir onnéideg Opnamen zum Beispill beim prett maachen um Büro ze evitéieren.
Keng Beanträchtegunge beim legale Kader
Datt déi automatesch Aktivéierung temporär net funktionéiert, hätt awer keen Afloss op de virgesinne legalen Asaz vun de Bodycams, well et bei dëser Funktioun keng gesetzlech Obligatioun gouf, esou nach d'Prezisioun vun der Police.
D'Police schwätzt vun e puer Wochen, déi dës Ëmprogramméierung nach dauere wäert. Den Inneministère wollt sech bis elo net dozou äusseren.
D'Policegewerkschaft SNPGL war eegenen Aussoen no net direkt iwwer dës Problemer informéiert.
Zënter dem 1. Juli sinn déi sougenannte Bodycams a sämtlechen 33 Kommissariater am Asaz.
Dat entspriechend Gesetz gouf am Juli 2023 gestëmmt. Der Police an dem Inneministère no sollen d'Bodycams dozou bäidroen, d'Handlunge vun de Beamtinnen a Beamten nozevollzéien an am Fall vun engem Incident objektiv Beweiser ze liwweren.