arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bluttreserven op ganz déiwem Niveau

Appell vun der Croix-Rouge

|
headphones

1 min

Bluttreserven op ganz déiwem Niveau

D‘Bluttreserve sinn op engem ganz déiwen Niveau, dofir mécht d‘Croix Rouge en Appell, fir Blutt spenden ze goen. Déi aktuell Reserve géifen nach knapps duergoe fir d‘Besoine vun de Klinicke fir eng Woch ze decken.

headphones

1 min

© Bigstock / ginasanders
(Foto: Bigstock / ginasanders)

Wéinst der Schoulvakanz an de villen Otemwee-Infektioune vun de leschte Wochen, wiere manner Leit Blutt spende gaangen, heescht et an engem Communiqué. De Stock u Bluttreserve wier schonn zënter e puer Méint op engem kriteschen Niveau, elo géifen se däitlech ënner dem Mindestniveau leien.