Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Blozongekrankheet kéint am Wanter agedämmt ginn

Landwirtschaftsministère

Blozongekrankheet kéint am Wanter agedämmt ginn

D’Landwirtschaftsministerin hofft, datt dat Schlëmmst bei der Blozongekrankheet geschwënn iwwerstanen ass: dat huet d’Martine Hansen no enger Entrevue mat der Landwirtschaftskammer gesot. Well d’Nuechte méi kal ginn, géif d’Méck, déi de Virus iwwerdréit, manner fléien. Dësen Hierscht oder Wanter kéint een d’Krankheet villäicht agedämmt kréien.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Martine Hansen a Baueren | © Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Dem President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn no, wier et relativ frappant, wéi vill Deiere schonn un der Blozongekrankheet gestuerwe sinn. Beim Rëndvéi wieren et am August 50 Prozent méi doudeg Déiere gewiescht, a bei de Schof a Geesse bal 200 Prozent méi. 

Mam Blozongevirus infizéieren sech virun allem Schof a Ranner. Zënter dem 1. August goufen hei am Land ronn 900 Déieren aus bal 400 Betriber positiv getest.

Vun den 240.000 Impfdose géint d’Blozongekrankheet wieren der 90.000 un d’Veterinäre verdeelt ginn, huet d’Landwirtschaftsministerin an Erënnerung geruff. 

Suerg wéinst MHE-Virus

Gläichzäiteg warnt d’Martine Hansen virun engem weidere Virus vun enger Déierekrankheet. Si huet haut am 100,7-Interview virum Virus vun der MHE-Krankheet (maladie hémorragique épizootique) gewarnt, deen aus Frankräich ënnerwee op Lëtzebuerg kéint sinn. Dofir wéilt ee preparéiert sinn. 

Fir de Wanter géif ee kucken zesummen eng Impfcampagne géint dëse Virus op d’Been ze kréien, huet de President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn ugekënnegt. 

"Dat ass u sech eng Krankheet wou d’Béischten éischter dann näischt méi saufen an näischt méi friessen. (...) Do ass elo och réischt dëst Joer een Impfstoff zougelooss ginn."

Een Datum fir déi nächst Ronn vum Landwirtschaftsdësch gëtt et iwwerdeems nach net. 

Lauschterenplay_arrow