Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Blozongekrankheet: "Wann et eise Kéi gutt geet, da geet et eis och gutt“

Landwirtschaft

Blozongekrankheet: "Wann et eise Kéi gutt geet, da geet et eis och gutt“

D’Blozongekrankheet mécht de Bauere vill Suergen. Och zu Weiler bei Housen huet ee Bauer säin Haff, op deem sech de Virus verbreet huet. Wéi geet hien domat ëm, a wat sinn d’Konsequenze fir säi Betrib?

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Ana Angel play_arrow
Foto: Ana Angel

D'Infektioun, déi iwwer Mécken a Moustiquen iwwerdroe gëtt, betrëfft virun allem Schof, Geessen, a Ranner. Zanter dem 1. August goufen der Veterinärsinspektioun ALVA no ronn 660 Déieren an iwwer 310 Betriber positiv op de Virus getest. An den Nopeschlänner sinn d'Bauere schonn zanter Juni domat geplot. 

Eng Stresssituatioun fir d'Mammekéi

Zu Weiler bei Housen huet de Marc Vaessen säi Bauerenhaff. Och seng Béischten - Mëllechkéi a Schof - si vum Virus betraff.

3 kleng Kaalwer léien hei am Stréi, virun 3 Deeg koume se op d'Welt, an nach bësse gouereg, erkläert de Marc Vaessen. 

"Jo do soen se jo och, d’Kallef infizéiert sech, also d’Kallef kritt bëssen d’Blozong. An och d’Kou, dann huet si eng Stresssituatioun, a fir de Kierper, dat ass jo dann alles ganz anescht, an dofir brécht et dann aus. Bei hir schéngt et awer elo gutt gaangen ze sinn.“

De Verdacht op Blozongekrankheet koum net direkt

90 Mëllechkéi huet de Marc Vaessen op sengem Haff, grad wéi 100 Mammeschof an 100 Lämmercher. Zanter Enn Juli kämpft hie mam Ausbroch vun der Krankheet. Seng éischt Vakanz zanter Joren huet hie missen ofsoen.

Beim Opkomme vun den éischte Symptomer huet hien nach net un d’Blozongekrankheet geduecht. Duerch déi héich Temperaturen dobaussen an de Ventilatoren dobanne war den éischte Verdacht, datt se sech d'Panz erkaalt hunn, fir de Marc Vaessen ze zitéieren. An engem Dag hätten 3-4 Kéi héich Féiwer gehat, gehouscht a Glidder wéi, erzielt de Bauer. Als éischt hätt hien do nach näischt drop ginn.

"An e puer Deeg drop ass et du richteg lassgaangen. Do sinn dann ëmmer méi Kéi, déi da Féiwer kruten, an och d’Mëllech ass erofgaangen. 

Och d’Zonge vun de Béischte fierwen sech, wéi den Numm et scho verréit, mat engem blo-mofe Stach.

En enorme Verloscht och an der Produktioun

Vu senge Schof hate sech der ronn 100 mat der Krankheet infizéiert. 15 dovu si gestuerwen. Bei de Kéi ass d'Stierflechkeet op sengem Haff manner héich.

D'Krankheet huet och aner Konsequenzen. D'Kéi kennen d'Kaalwer net ausdroen, an och d'Produktioun vun der Mëllech huet sech drastesch reduzéiert. Eng schwéier Situatioun fir de Bauer - ëmmerhin ass d'Mëllechproduktioun säin Haaptakommes.

Am Normalfall, pro Dag, pro Kou, kritt de Marc Vaessen 30-35 Liter Mëllech. Elo wier den Ertrag op 10 Liter den Dag gefall. En enorme Verloscht fir dee klenge Bauerebetrib, deen och duerch d'Impfe vun de Béischten net gutt gemaach ka ginn.

"Eng Impfung muss de maachen, iert et esou wäit ass“

Zwar huet d'Veterinärsverwaltung ALVA Mëtt August eng Impfaktioun gestart. Eng Impfung géint dëse spezifeschen Typ 3 vun der Blozongekrankheet, déi an Holland entwéckelt gouf. Firwat een hei den Impfstoff elo eréischt zu Verfügung hat, kann de Marc Vaessen sech net erklären. Soubal en do war, huet hie seng Déieren och geimpft.

"De Problem ass bëssen, do si sech d’Veterinäre jo och net ëmmer eens, an de Problem ass, wann de ganzen Trap infizéiert ass, also e groussen Deel dovun, an du fänks dann un ze impfen, dat ass jo och net dee richtege Wee, ech mengen eng Impfung muss de ëmmer maachen, iert et esou wäit ass.“

Hoffnung, datt et mat de kalen Temperature besser gëtt

Op et déi 50 Dose sinn, déi hie senge Béischte geimpft huet, oder op et déi méi mëll Temperature sinn, hie weess et net, mee senge Béischte fänkt et un nees besser ze goen, erkläert de Bauer erliichtert.

"Ausser déi 4-5 déi wierklech schwéier krank waren, déi hu lo nach Problemer, déi kommen och net méi an der Mëllech erop, déi hunn et och mat de Longen elo, déi ootmen immens schwéier.“

Vun Oktober un, wann d'Temperature bis konstant falen, da missten d'Mécken sech jo och zeréckzéien, hofft de Marc Vaessen, a säi Betrib sech nees erkréien. Iwwerliewenswichteg fir de Bauer.

"Wann et eise Kéi gutt geet, da geet et eis och gutt.“

Fir d'nächst Joer géifen hoffentlech Léiere gezu ginn an d'Béischte schonn am Fréijoer geimpft ginn, esou nach de Marc Vaessen.

Lauschterenplay_arrow