Elo géifen d’Baueren op een Impfstoff waarden, esou de Christian Hahn.
Et ass net déi éischte Kéier dass et d’Blozongekrankheet zu Lëtzebuerg gëtt – réischt zanter September zejoert war Lëtzebuerg Virus-fräi.
Keng Iwwerdroung tëschent de Béischten
Et ass awer déi éischte Kéier, datt et de Virus Typ 3 ass, erkläert de Christian Hahn, an deen huet ee méi schlëmme Verlaf.
„Dat heescht, dass awer déi meescht wahrscheinlech stierwen oder ageschléifert musse ginn“
De Virus gëtt iwwer infizéiert Mécken iwwerdroen, erkläert de Carlo Dahm vun der Veterinärsinspektioun. Eng Iwwerdroung tëscht de Béischten ass deemno net méiglech.
Impfung kënnt an den nächsten Deeg zu Lëtzebuerg un
Et kéint een duerchaus d’Véi géint Moustique-Stéch allgemeng schützen. Dat ass natierlech keng 100 Prozenteg-Garantie, esou de Carlo Dahm.
Fir den Typ 3 vum Virus hätt et laang kee Vaccin ginn. Deen wier lo réicht viru puer Méint op de Maart komm. An de nächsten Deeg soll deen zu Lëtzebuerg ukommen.
Export net an all Länner méiglech
Anescht wéi bei der leschter Variant vun der Blozongekrankheet, ass d’Impfung net do, fir den Export vun deem jeeweilege Béischt ze garantéieren. Et ass fir d’Béischte präventiv ze schützen, ënnersträicht de Christian Hahn.
Den Ament kéinten d’Bauerebetriber net vill méi maache wéi op den Impfstoff ze waarden. Fir de Moment wier d’Situatioun beonrouegend, Angscht ëm hir Betriber missten d’Baueren awer net hunn, mengt de Christian Hahn. Den Export ass ënner verschiddene Konditioune weider erlaabt. Ausser fri Frankräich: Wann do ee Land gespaart ass, ass et och egal ob eenzel Déieren negativ Bluttanalysen hunn.
Bis dat net méi de Fall ass, kéint et puer Méint bis zu engem Joer daueren, mengt de Christian Hahn.