Parallel huet d‘israeelesch Arméi d‘Banlieue südlech vun der libaneesescher Haaptstad Beirut ugegraff, nodeems nees den Opruff un d‘Awunner koum, fir ze evakuéieren, esou staatlech libaneesesch Medien.
Israel huet seng Ugrëff do an och op anere Plazen uechter d‘Land zënter gëschter Owend verstäerkt. De Bilan vun den Doudesaffer no esou engem Ugrëff bei engem Spidol zu Beirut ass op 13 geklommen, dorënner ee Kand.
Israeeleschen Ugrëff op Unisklinik vu Beirut
De Bilan vun den Doudesaffer nom israeeleschen Ugrëff bei der Unisklinik vu Beirut ass op 18 geklommen, esou de Gesondheetsministère. D‘Spidol wier schwéier beschiedegt ginn. De Betrib géif awer weiderlafen, esou den Direkter. Hien huet d‘Virwërf, datt d‘Hisbollah Miliz ënnert der Klinik e Bunker gebaut an Honnerte Milliounen Dollar do verstoppt hätt, ofgestridden.
D‘Hisbollah huet da virun der Press confirméiert, datt eng Partie Kämpfer vun der Miliz vun Israel gefaange geholl gi wieren, ouni ze soe wéi vill. An d‘Miliz huet d‘Dronenattack e Samschdeg op dem israeelesche Premier Benjamin Netanjahu säin Haus fir sech revendiquéiert.