arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Blesséierter an een Doudesfall duerch schwéier Donnerwiederen a Frankräich

Weider Vigilance orange

|
reading time

1 min

Blesséierter an een Doudesfall duerch schwéier Donnerwiederen a Frankräich

Den Doudesfall war an der Saône-et-Loire, wou e Mann vun enger Leeder erofgefall ass, wéi hien um Daach vu sengem Haus geschafft huet.

reading time

1 min

© Bigstock / PaulMaguire
(Foto: Bigstock / PaulMaguire)

An der Savoie goufen zwou Persoune schwéier blesséiert duerch Beem, déi op Autoe gefall sinn. A 7 franséischen Departementer gëllt och haut weider eng Vigilance orange wéinst Donnerwiederen.