Fir de Mëtteg tëschent eng a 7 Auer, huet Meteolux eng Vigilance orange wéinst Hëtzt, fir de Süde vum Land eraus ginn. Tëschent 33 a 35 Grad ginn erwaart. Bis e Freideg nach mat soll et esou waarm bleiwen. Et gëtt nach emol drun erënnert, datt ee vill soll drénken, esou mann wéi méiglech erausgoen, d'Fënsteren, d'Riddoen an d'Rolllueden zoumaachen a physesch Aktivitéite soll een evitéieren.
Gëschter war och d'Cellule de crise beieneen, fir d'Situatioun ze analyséieren an och an den nächsten Deeg am A ze behalen.