arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Situatioun entspaant sech

Vill Reen an der Nuecht

|
headphones

3 min

Situatioun entspaant sech

D’Situatioun nom staarke Reen an der Nuecht huet sech dem CGDIS no entspaant. 21 Uertschaften, besonnesch am Uelzechtdall, ware méi vun Héichwaasser betraff. Bis um 9 Auer de Moien hat de CGDIS 392 Asäz am Kader vun den Onwiederen.

headphones

3 min

De Pafendall um Méindegowend | © Jacques Ganser
De Pafendall um Méindegowend (Foto: Jacques Ganser)

Et waren 300 Pompjeeën aus 16 Zentralen an 3 Spezial-Interventiounsgruppen am Asaz. 

Um 11 Auer um Dënschdegvirmëtteg kënnt d’Krise-Cellule vum HCPN, dem Haut Commissariat à la protection nationale nach eng Kéier zesumme fir de Point ze maachen. 

Exzeptionell Quantitéite Reen an der Nuecht

Déi interministeriell Krisecellule koum gëschter um Méindeg am spéiden Owend am nationale Krisenzenter am Schlass zu Senneng zesummen. Si huet um 5 Auer de Moien en éischte provisoresche Bilan publizéiert: Och do geet vun exzeptionelle Quantitéite Reen an der Nuecht rieds: Iwwer 100 Liter de Meterkaree zu Léiweng a Miersch, a 90 Liter pro Quadratmeter zu Walfer bis 4 Auer de Moien.

Wéinst där Situatioun haten d'Rettungsdéngschter vum CGDIS bis 7 Auer de Moien am Ganzen 370 Asätz a kruten iwwer 800 Appellen um 112.

Plazeweis rekordquantitéite Reen

Den Adnan Ceman vu MeteoLux huet am 100,7-Interview e Bilan vun der Nuecht gezunn. 

"Am Raum Biereng-Miersch, do si bis 4 Auer haut de Moien ëm déi 115 bis 130 Liter innerhalb vun där Period lo gefall. Dat heescht, innerhalb vu sechs Stonnen. Och südlech am Land, wéi zum Beispill Réiser am Raum Beetebuerg, do sinn ëm déi 100 Liter gefall. Och bei eis um Findel, do hu mir och e puer Rekorder souguer gebrach, wann ech dat gutt an Erënnerung hunn. Mir hunn aktuell do iwwer 110 Liter gehat um Findel. An do hu mir och e Rekord gehat. Innerhalb vun enger Stonn sinn do 54,7 Liter gefall."

Situatioun ass ënnerschat ginn, esou MeteoLux

"Also mir hunn et e bëssen ënnerschat", huet den Adnan Ceman am 100,7-Interview zouginn. Et hätt ee verschidde Modeller verglach, déi deelweis e bëssen d'Situatioun iwwerspëtzt simuléiert hätten. "An dowéinst hu mir dat och net esou richteg gegleeft." Aus deem Grond ass een och am Ufank vu 60 bis 80 Liter op de Meterkaree ausgaang. Änlech Analyse goufen och am Ausland gemaach.

"Schlussendlech, gëschter Owend, géint 21 Auer, hu mir da südlech vun eis gesinn an och deelweis iwwer dem Land, datt et méi gëtt wéi dat, wat mir ageschat hunn. Prinzipiell dowéinst, well déi Donnerwiederschauere si lokal stoe bliwwen. Dat heescht, déi hu sech net beweegt. A wann eng Schauer sech net beweegt, da kënnt extreem vill Reen op eng Kéier zesummen."

Lauschtert de ganzen Interview mam Meteorolog

play_arrow Lauschteren

200 Pompjeeën am Asaz

21 Gemeng ware betraff. 7 Leit hunn aus dräi verschidden Autoe missen a Sécherheet bruecht ginn, et gouf awer kee blesséiert. 200 Pompjeeë waren och am Asaz an d'Police hat 30 Interventiounen.

Wat d'Peegele vun de Gewässer ugeet gouf déi rout Cote de vigilance bis elo just un der Uelzecht am Pafendall an zu Steesel iwwerschratt. Méiglecherweis wäert se och nach zu Miersch iwwerschratt ginn.

Lauschtert den Interview mam CGDIS

Lag soll sech verbesseren

D'Krisecellule preziséiert an hirem provisoresche Bilan: D'Lag soll sech elo am Laf vum Moie progressiv berouegen. Zënter 5 Auer reent et manner staark a géint 10 Auer wäert et de Previsiounen no nees méi dréche ginn.

D'Police huet hirersäits nach matgedeelt: Wéinst Héichwaasser goufen eng Partie Stroossen a Plaze gespaart, dorënner den Tunnel am Rond-point Serra um Kierchbierg an d'Place Francois-Joseph Dargent zu Eech.