De Bëschkierfecht fir Déiere läit net wäit ewech vu Rulljen, direkt nieft deem fir d’Mënschen. Ech treffe mech um Site mat der Wëlzer Schäffe Chantal Kauffmann, an der Marie-Anne Diesel vun der Gemengeverwaltung.
En Häerzensprojet
D‘Iddi fir e Bëschkierfecht ass nach ënnert dem ale Schäfferot entstanen. Et war en Häerzensprojet, betount d‘Marie-Anne Diesel.
"De fréiere Buergermeeschter hat och en Hond, deen dann och heiansdo mat schaffe komm ass, an deen hat och gesot, dat wier awer eng flott Iddi an ech kéint mer mäin Hond eng Kéier do virstellen. Dee lieft elo Gottseidank nach."
Bal zwee Joer besteet de Kierfecht schonn, bis elo goufen awer nach keng Äsche verstreet. Eng eenzeg Demande hätt et ginn, déi hätt awer, wéint der Quantitéit un Äschen, vun engem verstuerwene Päerd, net kënnen erfëllt ginn. Fir d'Chantal Kauffmann läit de Manktem un Interessi virun allem un den héije Käschte fir d‘Anäscherung.
"Eng normal Anäscherung kascht 94 Euro, mee da kritt een d'Äschen net erëm. Wann een elo en Déier huet ënner 10 Kilo, dann ass dat Ganzt awer schonn 337 Euro, dat ass jo awer scho Geld."
Regëster soll gefouert ginn, wéi bei Mënschen
Den Déierekierper dierf net einfach esou begruewe ginn. Dat ass an der ganzer EU verbueden. Dat well Parasitten oder Viren am Déier sech an d'Grondwaasser verbreede kënnen.
Dofir kéinten ebe just Äsche verstreet ginn. Anescht wéi bei de Mënschen, wielt een dofir awer net e bestëmmte Bam aus.
"Déi gëtt einfach fräi an der Natur – natierlech kënnen se et gäre bei e Bam maachen, mee et kënnt keng Plackett drop."
Genee wéi bei de Mënsche soll awer och e Regëster gefouert ginn, vun den Déieren deenen hir Äschen um Wëlzer Bëschkierfecht verstreet goufen, erkläert d’Marie-Anne Diesel.
"Datt een iergendwann seet, 'wéi hat dem Bopi säi Mupp deemools geheescht?', deen ass do uewen um Kierfecht gestreet ginn. Do kann een och nach vläicht puer Joer duerno kucken a soen 'ajo sou huet dee geheescht'".
Hoffnung, datt d'Demande nach kënnt
D‘Marie-Anne Diesel hofft, datt den Interessi um Bëschkierfecht fir Déiere mat der Zäit awer nach opkënnt.
"T'ass och vläicht esou, datt d‘Leit d‘Urn fir d‘éischt mol wëllen doheem bei sech hale vun hirem Hond an dann iergendwann no engem Joer oder no 5 Joer soen, sou lo sinn ech bereet a lo soll deen Hond dohinner goen."
D‘Äsche vun Déieren dierf een nämlech doheem halen, déi vu Mënschen net. Fir d'Chantal Kauffmann bleift um Enn d‘Hoffnung, datt d‘Demanden iergendwann awer nach erakommen.
"T'ass natierlech super hei. Et ass eng Rou. Et héiert een näischt vun de Stroosse ronderëm, obschonn et net esou wäit ewech ass."
D'Anäschere vun Déieren
Ier een iwwerhaapt emol mat sengem Déier op Wolz ka fueren, muss een et iwwerhaapt emol anäschere loossen. An een, deen dat organiséiert, dat ass de Claude Brachtenbach mat senger Firma Cremando. Nieft him bitt awer och nach eng aner Lëtzebuergesch Firma dëse Service un, souwéi verschidden Entreprisen an eisen Nopeschlänner, déi no un der Grenz leien.
De Claude Brachtenbach erkläert, datt een d’Déieren haaptsächlech bei de Veterinär siche geet. Ronn 90 Prozent, esou seng Aschätzung. De Rescht geet hie bei d’Leit doheem sichen.
D’Firma vum Claude Brachtenbach äschert awer net selwer an. Et gëtt nämlech guer keen Déierecrématoire zu Lëtzebuerg. Firwat dat nach ëmmer esou ass, weess och de Patron vu Cremando net esou genau. Hien huet awer seng Vermuddung.
“A mengen Aen ass et net esou einfach, fir dat opzebauen. Ech mengen, dat ass awer mat ville Käschte verbonnen. An een, deen dat wëllmaachen, dat muss sech jo och rentéieren.”
Wann eng Privatpersoun dat elo maache wéilt, da géing sech dat dacks net ausrechnen. Dobäi kënnt, datt et eng grouss Konkurrenz am Ausland gëtt, betount de Claude Brachtenbach. Seng Firma bréngt déi doudeg Déieren dofir an ee Krematorium op Polch, dat bei Koblenz läit.
Net just Kazen an Hënn
Bei Cremando këmmert ee sech just ëm déi klassesch Hausdéieren. Dat sinn an der Haaptsaach Hënn a Kazen, esou de Claude Brachtenbach. Et sinn awer alt och mol Ausnamen dobäi.
“Ech hat awer och schonn, do hate mir e Wellensittich, oder eng Schildkröt hat ech och eng Kéier. An dann oft nach vill Kanéngercher, Hamsteren, Mierschwéngescher.”
Trauerzeremonien organiséiert seng Firma och net selwer. Wie wëll, kann awer bei de Krematorium matfueren. Do gëtt et eng Zort Stuff, wou d’Leit hirem Déier eng leschte Kéier Äddi kënne soen, erkläert de Claude Brachtenbach. Et wier awer ganz rare, datt d’Leit dat géinge maachen.
Lauschtert de ganzen Interview mam Claude Brachtenbach.