arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bill an Hillary Clinton wäerten aussoen an der Affär rondrëm d'Epstein-Sexualverbriechen

USA

|
headphones

1 min

Bill an Hillary Clinton wäerten aussoen an der Affär rondrëm d'Epstein-Sexualverbriechen

De fréieren US-President Bill Clinton an déi fréier US-Ausseministesch Hillary Clinton hunn elo akzeptéiert, virum amerikanesche Kongress an der Affär ëm d'Sexuelverbrieche rondrëm de verurteelte Sexualtroftäter Jeffrey Epstein auszesoen.

headphones

1 min

© Picture Alliance/Ralph Alswang/The White House / Avalon
(Foto: Picture Alliance/Ralph Alswang/The White House / Avalon)

Si haten dat bis elo ëmmer refuséiert mee hunn elo noginn, well si riskéieren, wéinst Mëssuechtung vum Kongress bestrooft ze ginn.

De Bill Clinton huet den Jeffrey Epstein kannt. Hie behaapt awer, hien hätt näischt vun de Sexualstrofdoten um Epstein senger Insel gewosst. Den Drock, deen op si gemaach gouf, fir an der Epstein-Affär auszesoen, huet d‘Clinton-Koppel als Versuch vum Donald Trump beschriwwen, fir politesche Rivalen ze schueden.