arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bilderkennung op der A3: Radare kontrolléieren zukünfteg d'Covoiturage-Spuer

Mobilitéit

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Bilderkennung op der A3: Radare kontrolléieren zukünfteg d'Covoiturage-Spuer

Déi nei Covoiturage-Spuer op der A3 tëschent der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz huet scho fir vill Gespréich gesuergt: Do dierfen eigentlech zënter 9 Méint just Autoe fueren, an deenen op d'mannst zwou Persoune sëtzen. Mee séier huet sech erausgestallt, datt net jidderee sech dorun hält.

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow
© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Fir deem Problem entgéintzewierke goufen elo nei Radaren installéiert, déi ufanks vum neie Joer an d’Testphas ginn.

Der Police Aarbecht ofhuelen

Déi zwee grouss schwaarz Bléck si schonn a béide Richtungen op der A3 ze gesinn, mee nach si se net schaarf gestallt.

Si sinn do fir déi nei Covoiturage-Spuer ze kontrolléieren. Déi nei, drëtt, ronn 2 Kilometer laang Spuer dierf vu Busser a Covoiturage benotzt ginn. Also nëmmen dann, wann op d’mannst 2 Persounen am Gefier setzen.

D’Kontroll soll vu Radare gemaach gi fir d’Police ze entlaaschten, erkläert de Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées.

"Et ass zimmlech opwänneg fir d'Police, fir dat manuell oder op der Plaz ze kontrolléieren. Duerfir ass et üblech - och am Ausland - fir déi Spueren dann ze ekipéieren, soudatt do ee Contrôle et sanction automatisé ageféiert ass, nämlech eng Maschinn, ee Radar, wéi mir et nennen, deen detektéiert, ob déi Konditiounen do gi sinn."

D’Radaren huele Fotoen an analyséieren dës iwwer eng automatesch Bilderkennung. Donnéeë vu Gefierer, déi konform ënnerwee sinn, gi geläscht an net weidergeleet.

Mënsch, Popp oder Hond? De System soll et erkennen

Nëmmen wann de System erkennt, datt nëmmen eng Persoun an engem Gefier op der Covoiturage-Spuer ënnerwee ass, gëtt déi entspriechend Sequenz weidergeleet an nach eemol manuell verifizéiert.

"Wann elo de System mierkt, datt nëmmen eng Persoun detektéiert gëtt, da gëtt déi Informatioun an déi Sequenz un de System geleet. (...) An do gëtt dat dann un en Agent weidergeleet, deen da wierklech verifizéiert, ob nëmmen eng Persoun dran ass. An dat wäert deen dann och erkennen. A wann dat de Fall ass, da geet déi ganz Prozedur mat Procès verbal weider."

De System aus Frankräich soll iwwerdeems och detektéiere kënnen, ob ee Mënsch, oder eppes anescht, wéi e Géigestand oder en Hond, mat am Auto setzt.

"Laut Hiersteller gëtt och detektéiert, ob et elo eppes anescht ass wéi e Mënsch, zum Beispill eng Popp. Dat gëtt erkannt. A si hunn och hire Prozedur esou geeicht, datt een do och ka sécher sinn, datt dat esou ass."

Nach sinn d’Radaren net a Betrib. Den Ament wier d’Software nach amgaange programméiert ze ginn. Aktuell kënnen d’Informatiounen, déi d’Radaren detektéieren also nach net verschafft ginn.

Zousätzlech Vitesskontrolle sinn net ausgeschloss

Ufanks d’nächst Joer rechent Ponts et Chaussées domat, datt dann d’Testphas ufänke kéint. Vu wéini un déi repressiv Phas dann ufänkt, kéint een awer nach net soen, esou nach de Roland Fox.

"Wärend der Testphas muss dann adaptéiert ginn. Et muss gekuckt ginn, wann elo eppes net geet. D'Testphas kéint jo erauskommen, datt verschidde Saachen net fonctionéieren, wéi mir et gären hätten. Da muss eeben do ëmprogramméiert ginn. A wann dat behuewen ass, da kënne mir d'Testphas eréischt ophalen."

D’Police confirméiert, datt een aktuell eng Strof vu 74 Euro riskéiert, wann een eleng an engem Auto op der Covoiturage-Spuer erwëscht gëtt.

Déi nei Radare kontrolléieren iwwerdeems net d’Vitess, mee just d’Zuel u Persounen an den Autoen. Sollt sech awer an Zukunft erausstellen, datt op der Covoiturage-Spuer systematesch ze séier gefuer gëtt, wieren och Vitesskontrollen net ausgeschloss, esou nach de Roland Fox. Aktuell wier dat awer nach net geplangt.

play_arrow Lauschteren